E Coffret mat 4 Kannerbicher: "Den Theodor & d’Grace entdecke Lëtzebuerg" vun der Tessy Antony-de Nassau (2024)

De Coffret mat 4 Kannerbicher, fir kleng Liesraten vun 0 bis 3 Joer, ass op Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch disponibel.

Als Mamm vun 3 Jongen hat d'Tessy Antony-de Nassau-Floessel scho viru Joren d'Iddi e Kannerbuch ze schreiwen. Elo huet si sech mat "Den Theodor an d'Grace entdecke Lëtzebuerg" hiren Dram erfëllt. Zesumme mat hirem eelste Jong, dem Prënz Gabriel, war si um Lëtzebuerger Stand op der Frankfurter Buchmesse, wou si eis e puer Froë beäntwert huet.

Fro: "Den Theodor an d'Grace entdecke Lëtzebuerg": Wien sinn den Theodor an d'Grace?
Tessy Antony-de Nassau: Den Theodor, dat ass mäi jéngste Fils deen elo zwee Joer kritt huet. D'Grace war am Fong e caractère fictif, deen ass et am Fong net esou ginn, mä ech wollt onbedéngt e Meedchen. Ech hunn eent wou ech Giedel sinn, dat heescht Grace. Do hunn ech mir geduecht, deen Numm ass esou flott, an do ass et dann den Theodor an d'Grace ginn.

Den Theodor an d'Grace

Fro: D'Buch gëtt et an 3 Sproochen, op Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch, an et ass am Fong e Coffret mat 4 klenge Bicher wou se ëmmer op eng ganz aner Manéier Lëtzebuerg entdecken?
Tessy Antony-de Nassau: Dat ass genau esou, an dat ass éischtens emol d'Kichen, d'lëtzebuergesch Kichen, mir si weltbekannt dofir (laacht) mä also wierklech Saachen déi mir alleguer gären hunn, wéi Kachkéis, Gromperekichelcher, esou Saachen déi een ebe kennt. Da gi mer eriwwer an d'Déierewelt, Déieren déi zu Lëtzebuerg och doheem sinn. Dann hu mer d'Natur, dat heescht, d'Blummen an d'Beem wéi de Quetschebam oder d'Pissblumm, déi Saachen déi een dann ebe gesäit wann een trëppele geet, mat der Boma, mam Bopa, mat der Mamm, mam Papp oder mam Hond. An dann natierlech och d'Architektur. Ech hunn dat ëmmer ganz flott fonnt, wéi d'Abtei Neimënster, de Palais, Kanounenhiwwel, also do si wierklech schéi Saachen déi een als Kand kann entdecken.

Fro: D'Kanner kënnen och eppes dobäiléieren, si ginn eppes gewuer iwwer Faarwen, iwwer Formen an iwwer Zuelen?
Tessy Antony-de Nassau: Jo, ech fannen dat ganz wichteg. Et ass eng gewëssen "texture" dobäi, verschidde Buchstawen hunn och e Relief wou ee ka fillen, well d'Bébéen si jo och ganz taktil och mat den Hänn. D'Zuelen, ganz flott vun 1 bis 10, an d'Faarwen, wéi blo a gréng. An da gesäit een och d'Déier, zum Beispill de Fuuss ass orange oder brong, an da steet dat dann och do, einfach fir dass d'Kanner e bësse vu klengem un och mat deene Wierder a Kontakt kommen.

Faarwen, Formen an Zuelen

Fro: Dir hutt bestëmmt e ganz strenge "Literaturkritiker" doheem, nämlech dee klengen Theodor selwer?
Tessy Antony-de Nassau: Den Theodor, sou wéi och de Gabriel an den Noah an d'Julia, mäi Meedchen (D'Julia Floessel, d'Duechter vun hirem Mann aus enger fréierer Bezéiung, Umierkung vun der Redaktioun) si si Bicherwierm. Den Theodor huet en Zelt doheem, dat war dem Gabriel säint schon, virun 18 Joer, dat ass e Bicherzelt, an do huet hien wierklech eng Tonn Bicher, an all Owes kucke mir och Bicher. En huet och lëtzebuergesch Bicher, a mir hunn zu Lëtzebuerg schonn eng grouss Chance dass mir esou eng grouss Literatur hunn u lëtzebuergesche Bicher fir Kanner. Hien ass e grousse "Critique" an ech si mir sécher, hie wäert och vill Spass hunn un de Bicher.

Den Theodor als "Kritiker"

Fro: Dir sidd elo hei op der Frankfurter Buchmesse, gidd Dir och e bësse kucken, bréngt Dir dem Theodor eppes mat?
Tessy Antony-de Nassau: Jo, absolut. Mä net nëmmen dem Theodor. De Gabriel ass och hei bei mir, wéi Dir gesidd, a Bicher och fir si, wat si schéin fannen, hei hunn se jo och verschidden Manga'en, Teenage-Bicher an esou. An dann natierlech och fir mäi Mann. Mäi Mann ass e richtege Bicherwuerm, dee liest ongeféier zwee Bicher pro Woch an hien huet Krimien ganz gären, Thriller ganz gären. Hien huet och lëtzebuergescher kritt, vu lëtzebuergeschen Autoren, op Däitsch geschriwwen awer (hie kann nach kee Lëtzebuergesch liesen) Voilà, fir meng Bicherwierm an all Alter, bréngen ech natierlech och eppes mat heem.

Kritt den Theodor dann och eppes vu Frankfurt matbruecht?

Fro: Doheem steet bestëmmt eng grouss Bibliothéik?
Tessy Antony-de Nassau: Eng riiseg Bibliothéik! Wéi ech mat mengem Mann zesummekomm sinn, wou mir dann zesummen an d'Haus geplënnert sinn, do koumen natierlech meng Këschte mat de Bicher, ech liesen och extrem gären, mä mäi Mann huet nach vill méi Bicher, dat heescht eis Bibliothéik ass wierklech enorm. Mir hunn ënnen am Keller e Spillraum, do ass wierklech eng riiseg Mauer voller Bicher.

Eng grouss Bibliothéik!

Fro: Wéi ass et zu dësem Projet komm, a wien huet d'Buch illustréiert?
Tessy Antony-de Nassau: Wéi ech mat der Iddi komm sinn (scho virun 18 Joer wollt ech den heite Projet maachen) als gudde Lëtzebuerger si mir natierlech stolz iwwer eis Kulturen, an de Gabriel war an der Schwäiz gebuer, an do hunn ech geduecht, wéi halen ech déi Traditiounen an déi Kulturen a sengem Häerz fir säi ganzt Liewen an och fir d'Kanner déi duerno kommen, seng Kanner an déi Kanner duerno. An do hunn ech ëmmer geduecht dat wier cool mat Kannerbicher, sinn awer ni dozou komm. Dann eben elo mam Theodor.
Also d'Illustratiounen, majo dann hunn ech dann dee Projet geholl, mäi Mutt zesummegeholl, wierklech regelrecht, an dann hunn ech d'Editioun Schortgen ugeruff. An do war ech och direkt um Telefon mam Lena wat d'Cheffin ass bei der Editioun Schortgen, hat huet dat iwwerholl. An do hunn ech gesot, jo Moien, mäin Numm ass Tessy, ech hunn eng Iddi, géing dat Iech interesséieren? An do hu si gesot, jo, komm mir kucken emol, wat hudd Dir dann do, da moolt emol wat Dir denkt an alles. An dat heescht, déi éischt Illustratiounen hunn ech selwer gemoolt mam Bläistëft, vun all de Bicher wéi ech mir dat virgestallt hunn, d'Recherchë gemaach wat ech dann och dra wëll schreiwen. Dunn, wou de Projet dann akzeptéiert ginn ass vun der Editioun Schortgen, du koum d'Eglantine och an de Projet eran, an dat ass dann déi Fra déi den Theodor an d'Grace zum Liewe bruecht huet, elektronesch, an déi Dir och elo alleguer kënnt entdecken an de Bicher.

Wéi ass de Projet entstanen?

E Coffret mat 4 Kannerbicher: "Den Theodor & d’Grace entdecke Lëtzebuerg" vun der Tessy Antony-de Nassau (1)

© éditions Schortgen

Weider Detailer am Pressetext vun den éditions Schortgen:

Entdeck Lëtzebuerg!

Den Theodor an d’Grace si ganz begeeschtert vum schéine Lëtzebuerg.
An duerfir wëllen si d’Land besser kenne léieren.
Wéi eng Planzen a Beem wuessen hei? Wéi eng Déiere fënnt een an de Bëscher? Wat iessen d’Leit doheem? A wéi gesäit d’Stad Lëtzebuerg aus?

D’Grace an den Theodor huelen dech mat op eng Entdeckungsrees, bei där s du spilleresch nei Wierder léiers.

4 Bicher fir matzemaachen

Vun 0 bis 3 Joer

Themen 4 Bicher:

  • Den Theodor & d’Grace entdecken d’Lëtzebuerger Kichen
  • Den Theodor & d’Grace entdecken d’Lëtzebuerger Déierewelt
  • Den Theodor & d’Grace entdecken d’Stad Lëtzebuerg
  • Den Theodor & d’Grace entdecken d’Lëtzebuerger Natur

Erauskomm bei den éditions Schortgen
29,50€

E Coffret mat 4 Kannerbicher: "Den Theodor & d’Grace entdecke Lëtzebuerg" vun der Tessy Antony-de Nassau (2024)

References

Top Articles
Latest Posts
Article information

Author: The Hon. Margery Christiansen

Last Updated:

Views: 5969

Rating: 5 / 5 (50 voted)

Reviews: 81% of readers found this page helpful

Author information

Name: The Hon. Margery Christiansen

Birthday: 2000-07-07

Address: 5050 Breitenberg Knoll, New Robert, MI 45409

Phone: +2556892639372

Job: Investor Mining Engineer

Hobby: Sketching, Cosplaying, Glassblowing, Genealogy, Crocheting, Archery, Skateboarding

Introduction: My name is The Hon. Margery Christiansen, I am a bright, adorable, precious, inexpensive, gorgeous, comfortable, happy person who loves writing and wants to share my knowledge and understanding with you.